Skip to Content

Speechlabel Etiketten - hable

https://www.luxbassevision.lu/web/image/product.template/888/image_1920?unique=bf89387
SpeechLabel gëtt dir d’Onofhängegkeet, Saachen einfach mat dengem Smartphone z’erkennen. Et ass eng séier an einfach Léisung, déi sech gutt an den Alldag integréiert – ganz ouni grousst oder komplizéiert Material.

Wéi funktionéiert et?

  • Scannen
 : Peche e Label op en Objet a scann en mat der gratis SpeechLabel App (fir iOS an Android).
  • Opzehuelen
 : Sot der App wat et ass! Du kanns eng kuerz Stëmmnotiz ophuelen, eng Beschreiwung tippen oder en Titel aginn.
  • Erkennen
 : Wann s du de Label erëm scanns oder tappst, liest d’App dir direkt d’Informatioun vir.  

17,99 € 17.99 EUR 17,99 € Tax Included

17,99 € Tax Included

Net ze verkafen, kontaktéiert eis

  • Speechlabel type

Cette combinaison n'existe pas.

Organisatioun

Description


All Opnamen ginn automatesch an der Cloud gespäichert. Sou bleiwen deng Labels a Stëmmnotizen ëmmer verfügbar, och wann s du mol däi Smartphone wiessels. Zousätzlech kënnen Labels gedeelt ginn. Dat bedeit, datt Familljememberen oder Betreier se och mat hirem Smartphone scanne kënnen, fir dech am Alldag z’ënnerstëtzen.

De passende Label fir all Situatioun


Perfekt fir d’Kichen : Eis Labels si resistent géint Waasser a Keelt. Si si spullmaschinnefest a congélateurgeeegent. Fir déi bescht Resultater solls de de Sticker op eng propper an dréchen Uewerfläch pechen an him e Moment Zäit ginn fir richteg festzehalen.


QR-Code Sticker : Dës Sticker si ideal fir den Alldag. Si kënnen séier an einfach gescannt ginn, och wann d’Kamera net perfekt drop geriicht ass oder de Sticker e bëssen ofgenotzt ass. Du muss just d’Kamera an déi richteg Richtung halen – an et funktionéiert. Si si perfekt fir déi meescht Géigestänn. Wann awer vill Labels ganz no beieneen sinn, empfeele mir NFC Tags.


NFC Tags : Wann s du léiwer ouni Kamera schaffs, si NFC Tags ideal. Du muss just däi Smartphone kuerz géint de Sticker halen – esou wéi beim kontaktlose Bezuelen – an d’Informatioun gëtt direkt virgelies. Perfekt fir Medikamenter, Vorratsglieser oder eng voll Kichen.

Eenzel Produkter


1. SpeechLabel Starter Pack (40 Labels)


De Starter Pack ass déi perfekt Méiglechkeet fir SpeechLabel ze entdecken.
Am Set sinn QR-Code Labels an NFC Tags, fir datt s du déi zwou Technologien ausprobéiere kanns. Ideal fir doheem, am Büro oder fir perséinlech Saachen.


Haaptvirdeeler


  • Robust a zouverlässeg : 
All Labels si fir den deegleche Gebrauch entwéckelt. Eis Barcode-Sticker si souguer congélateur- a spullmaschinnefest.
  • Am Set : 25 Grocery Barcodes 5 Thick Barcodes 5 NFC Sticker 5 NFC Buttons


2. SpeechLabel Dënn QR-Code Sticker (100 Stéck) " Thin QR Code" 

Dës 100 QR-Code Sticker si perfekt fir Alldagsgéigestänn. Well se spullmaschinnefest sinn, si se ideal fir: Gewierzglieser, Tupperware, Medikamentefläschen.


Haaptvirdeeler


  • kënne gescannt ginn och wann nëmmen e klengen Deel sichtbar ass
  • resistent géint Keelt a Waasser
  • dënn a diskret, awer einfach ze spieren​


3. SpeechLabel™ Déck Barcode Sticker (25 Stéck) "Thick QR Code Stickers" 

Fir Géigestänn, déi s du laang benotze wëlls, si dës extra robust Labels ideal. Si si ongeféier esou déck wéi eng Kreditkaart, wat se ganz einfach mat de Fanger ze fannen mécht.


Haaptvirdeeler


  • ganz robust a laang haltbar
  • einfach taktil ze erkennen
  • staarke Klebstoff fir Plastik, Metall oder Holz. Perfekt fir: Elektronik, Lagerkëschten, Tools.

4. SpeechLabel™ NFC Touch Sticker (25 Stéck)

Dës Sticker funktionéieren nom Prinzip „tap and go“. Du muss just däi Smartphone kuerz géint de Sticker halen an deng Stëmmnotiz gëtt direkt ofgespillt.


Haaptvirdeeler


  • keng Kamera néideg
  • funktionéiert och am Däischteren
  • kleng a diskret, Ideal fir: Fernbedienungen, Glieser, kleng Objeten

5. SpeechLabel™ NFC Laundry Button Labels (25 Stéck)

Dës NFC Tags si wéi kleng Knäppercher, déi s du an deng Kleeder annäie kanns. Wann s du däi Smartphone un d’Kleedungsstéck hält, héiers du direkt Faarf, Muster oder Waschinstruktiounen. Eng grouss Hëllef fir onofhängegt Udoen.


Haaptvirdeeler


  • wäschmaschinn- a dréchnerfest
  • kleng a komfortabel ze droen
  • funktionéiert ouni Kamera



Vous aimerez aussi :